
arrow_back_ios
search
search
/ Philo am Gespréich
Episoden

Philosophie a Relioun
Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich ë. a. doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht a wéini den einfache Glawen zur Relioun gëtt.

Philosophie a Politik
D'Politik ass dës Kéier am Studio fir sech philosophesch ze hannerfroen, an dëst a Persoun vu kengem anere wéi dem Jean-Claude Juncker

Philosophie a Schoul
D'Konzept Schoul am Mëttelpunkt: Wat ass Schoul? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen?

Philosophie a Konscht
Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, gëtt diskutéiert, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann.

Philosophie an Natur
Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, gëtt diskutéiert.

Philosophie a Spill
Wat bedeit Spille fir eist Mënsch-Sinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass? Am Gespréich mam Erik Eschmann, dee faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.
