Ënner dem Titel "Au temps de Louis XIV" gëtt d’Erëffnung vum 40. Klenge Maarnicher Festival wéi och de 25. Gebuertsdag vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette gefeiert. Den éischte Concert ass de 14. Mäerz um 8 Auer owes zu Hengescht an der Kierch an deen zweete Concert ass um 5 Auer owes an der Kierch zu Lëntgen. De Programm versprécht eng Rees an d’Häerze vum franséische Barock. Mat dobäi sinn d'Vokalensembelen Ambitus an INECC-Sequenda, esou wéi den Instrumentalensembel Les Goûts réunis.
Niewent dem Charpentier sengem Te Deum ginn och Wierker vum Jean-Philippe Rameau, Jean-Baptiste Quentin a Jean-Joseph Cassanéa de Mondonville interpretéiert.