E Concert deen d’Grenzen tëschent Vergaangenheet a Géigewaart verschmëlze léisst. Dee spillt den OCL haut den Owend ënnert dem Motto "Contretemps". Um Programm sti Wierker vum Ravel an Haydn, an och vun zwee zäitgenëssesche Komponisten: dem Thomas Ades an dem Markus Brönnimann. Hien ass de Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker an och Komponist. Bei dësem Concert gëtt d'Première vu sengem Wierk "Albula" gespillt. Geleet gëtt den OCL dofir vum jonke britteschen Dirigent Bertie Baigent.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng Zäitrees a Form vun engem Concert
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel