De Komponist, Saxophonist an Dirigent Hy-Khang Dang ass 1995 hei zu Lëtzebuerg gebuer. Nom Stater Conservatoire huet hien seng Studien an de renomméiertsten europäeschen Héichschoule weidergefouert. Dorënner de Conservatoire zu Bréissel, de Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse zu Paräis an d’Guildhall School of Music and Drama zu London. Aktuell lieft a schafft den Hy-Khang Dang parallel zu London an zu Lëtzebuerg, a well hie grad hei am Land war, ass hien den aktuellen Invité am Opus Podcast Klassik Talk.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Hy-Khang Dang am Opus Podcast Klassik Talk
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel