D’Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker kann een net nëmmen an der Philharmonie live erliewen, mee och am CAPE zu Ettelbréck. Dëse Sonnden den 8. Februar spillt do ee Bléiser-Quintett vum Orchester. Mat dobäi ass de Solo-Klarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel.
Den Optrëtt am CAPE ass awer kee gewéinleche Concert. Déi fënnef Museker wäerten nämlech am Kader vun der Serie “Music and Wine” op der Bün stoen, fir e Concert-Dégustation, op deem Musek a Wäi matenee kombinéiert ginn.