Am Opus Podcast Klassik Talk kommen ëmmer aner Perséinlechkeeten aus der Zeen vun der klassescher Musek zu Wuert, an de Mënsch hanner der Musek steet am Mëttelpunkt. Aktuellen Invité ass de Claude Mangen. Vum geléierte Comptabel zum prägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimmlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Beim Radio 100,7 ass hien och keen Onbekannten. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, a ganz geschwë fänkt fir hien en neie Liewensofschnëtt un.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Vum Comptabel bei de Schauspiller
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Den Dram als zentrale Gedanken
De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch
Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder
300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deenen leschten 200 Joer markéieren.
Another Light
De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus