Dëse Sonndeg, 18. Januar um 11 Auer ass an der Salle de Musique de Chambre vun der Philharmonie e Concert, deen den Titel English Trios dréit. De Cornist Leo Halsdorf spillt zesumme mat der Geiistin Ryoko Yano an dem Pianist Théo Fouchenneret. Um Programm: Kammermusek vun der Ethel Smyth a vum Joseph Holbrooke. De Leo Halsdorf zielt iwwer de Programm an erkläert, wéi den Ale Kontinent d'Ethel Smyth beaflosst huet.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
English Trios
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus