De 15. an de 17. Januar ass am Mierscher Theater d'Oper “Le Siècle de Lucia / non trovo il filo”. D'Oper ass eng Koproduktioun tëschent dem Mierscher Theater an dem Stater Conservatoire. “Le Siècle de Lucia” ass no engem Libretto vum Jean Portante, mat Musek vum Maurizio Spiridigliozzi a mat enger Inszenéierung vum Claude Mangen entstanen. De Jean Portante erzielt d'Liewensrees vu senger Mamm, der Lucia. Et geet ëm Familljegeheimnisser, Erënnerungen an Entwuerzlung. De Claude Mangen erkläert, ëm wat et bei “Le Siècle de Lucia” geet a wéi et iwwerhaapt dozou koum eng Oper am Mierscher Theater ze produzéieren.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
"Le grand jeu de l'oubli et de la mémoire"
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart