Dem Benjamin Britten seng dräi Suite fir Cello si bekannt dofir, komplex ze sinn a voller moderner Spilltechniken, wat nawell en Challenge fir d'Persoun um Instrument ka sinn. Déi jonk norwegesch Cellistin Amalie Stalheim weist op hirem neien Album, dem Opus Plackespiller, wéi virtuos dës Wierker sinn. Si spillt ganz expressiv an op eng intim Aart a Weis, esou wéi wa si sech déif verbonne géif fille mat der Musek a mam Komponist, wéi hien dës Noute geschriwwen huet.
Et mierkt ee kloer, datt d’Amalie Stalheim ganz nodenklech a voller Emotioune spillt. Si léisst all Faarwe vum Cello richteg erauskléngen. Mol ass d’Stëmmung méi düster, mol ass se méi positiv, an dat wiesselt andauernd am Laf vun deenen dräi Suitten.
Eppes ass dobäi kloer: d’Amalie Stalheim ass immens upassungsfäeg an och talentéiert, wann et ëm emotionaalt Spillen um Cello geet.