Haut den Owend, de 7. Januar um 19:30 spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker hiren traditionellen Neijoerschconcert am grousse Sall vun der Philharmonie.
Nieft ganz bekannte Wierker vu Strauss, Brahms a Liszt kann een sech awer och nach op dräi ungaresch Soliste freeën déi sech de Lëtzebuerger Philharmoniker uschléisse fir e ganz besonnescht Klangerliefnis fir de Publikum ze schafen.
Mee wisou huet sech de Gergely Madaras, den Dirigent vum Concert, grad fir dëse Programm entscheet? Wéi ass et zu dëser éischter ongewéinlecher, grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht, souwuel musikalesch, wéi och geographesch komm? An ob wat dierf sech de Publikum den Owend freeën? Dat hu mir de Gergely Madaras selwer gefrot.