Den Donneschdeg, 8. Januar, verwandelt sech d'Philharmonie an en interaktive Concertssall. Beim Musical Lunch Break geet et nämlech net just ëm d'Nolauschteren, mee och ëm d'Matmaachen! D'Workshop-Leederin Martina Menichetti luet Mënschen an de gemeinsame Rhythmus ze entdecken an Instrumenter auszeprobéieren. Si erkläert ënner anerem, wat een erwaart, wann ee matmécht a firwat ee bei dësem Workshop iwwerhaapt keng musikalesch Virkenntnesser brauch.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng musikalesch Mëttespaus an der Philharmonie
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart