Iwwer d’Chrëschtdeeg ass um Opus vill passend Musek gelaf fir bei Äre Feierlechkeeten ze lauschteren. An dat geet och elo weider iwwer Silvester. Mat dobäi si Concerte fir Momenter voller Freed a Virfreed op dat neit Joer.
Haut den Owend op Silvester steet e Concert voller Energie um Programm um Opus, perfekt fir sech op dat neit Joer 2026 ze freeën. Mat ville Wierker, déi sech tëschent der Klassik an dem Jazz beweegen, mat Orchester a Bigband - an nieft dem George Gershwin sengem “An American in Paris” ginn och grouss bekannte Concertoe gespillt.
Muer op Neijoerschdag leeft da wéi all Joer den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker, live vu Wien. Weltwäit gëtt deen all Joer a méi wéi 150 Länner iwwerdroen a ronn 50 Millioune Leit sinn esou mat dobäi. Dir kënnt en um Opus live matlauschteren, moies vun 11:15 un, presentéiert vum Lex Kauffmann. Um Programm steet do erëm ee grousse Strauss-Programm mat ville Walzer op der Affiche.
De ganze Feierdagsprogramm vum Opus fannt Dir online op opus.radio an an der opus 100,7-App a lauschtere kënnt Dir den Opus och zu jidder Zäit iwwer DAB+.