Invité am Opus-Podcast Klassik Talk dës Woch ass de Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2025, den Nikola Meeuwsen. Dee jonken hollännesche Pianist war leschten Donneschdeg fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien ënner der Leedung vum Riccardo Minasi deen zweete Concerto fir Piano vum Sergei Prokofjew gespillt, mat deem hien och de Concours gewonnen huet.
Am Klassik Talk verréit den Nikola Meeuwsen ënner anerem, wat hien inspiréiert, a wéi eng Verbindung hie mat Lëtzebuerg huet.