Am Kader vum 44. Museksfestival am Schlass Buerglënster ass de 14. Dezember um 17 Auer e Concert mat engem Pianostrio. Mat dobäi sinn de Geiist Ruslan Talas, de Pianist Marco Sanna an den Cellist Benjamin Kruithof. D’Marie Trussart huet mam Benjamin Kruithof iwwer de Concertsprogramm geschwat. Opgeféiert ginn eng Sonat fir Piano a Gei vum Debussy an den 1. Trio vum Anton Arensky. De Concert fänkt awer u mat der 2. Cellossonat vum Ludwig van Beethoven.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
E Pianostrio um Buerglënster Festival
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart