Den opus Plackespiller dës Woch ass den Album “All Things will clear up, eventually” vum jonke flammännesche Pianist a Komponist Mattias Devriendt. Dorop spillt hien nëmmen eege Kompositiounen, déi alleguerte ganz kontemplativ a berouegend kléngen.
Den Titel “All Saache klären sech mat der Zäit op” verbreet och ee ganz hoffnungsvolle Message.
Dat besonnescht um Pianist ass datt hien dacks Concerte spillt, a seng Concerten si net traditionell, mee de Public ass aktiv mat dobäi. D’Leit leie meeschtens um Buedem oder op Yogamatten, eleng oder als Koppel, a genéissen esou de Concert – ee ganz impressionant a schéint Konzept.
D’Marie Schockmel huet sech den Album ganz ugelauschtert.