De weltberüümten Cellist Jean-Guihen Queyras ass den 11. Mäerz 1967 zu Montréal a Kanada op d’Welt komm. Seng éischt Joer huet hien och do verbruecht, iert hie mat senger Famill dono ëmmer erëm ronderëm d’Welt geplënnert ass. Esou huet hien ënnert anerem a Kanada, Algerien, Frankräich an Däitschland gelieft.
Hien huet déi franséisch-kanadesch Doppelnationalitéit a lieft a schafft schonn zanter laangem an Däitschland. Haut ass hie weltwäit als Cellist täteg. Doniewent ass hien och nach Professer fir Cello zu Freiburg a Matgrënner an artistesche Leeder vum Festival “Rencontres Musicales de Haute-Provence”.
Den Cellist ass schonn dacks op Lëtzebuerg komm fir seng Concerten, zemools an d’Philharmonie um Kierchbierg, an ass muer erëm do op der grousser Bün ze erliewen.
Am opus-Podcast “Klassik Talk” gëtt hien och nach vill weider ganz perséinlech Ablécker a säi Privatliewen a seng Aarbecht. Hie verréit wat et bedeit, Mënsch ze sinn, vu wéi engem Popstar hien e grousse Fan ass, an datt hie gespaant ass des Woch op de Lëtzebuerger Chrëschtmäert fir d’éischt Kéier Gromperekichelcher ze probéieren. De ganzen Episod kënnt dir an der opus 100,7-App lauschteren an an der online-Mediathéik op opus.radio.