All Woch presentéiert den Opus en neien Album aus der Zeen vun der klassescher Musek. Den aktuelle Plackespiller ass, wéi den Titel "Herstory" et verréit, zu 100 Prozent weiblech. Net nëmme stinn 10 verschidde Komponistinnen aus verschiddenen Zäiten um Programm, mee och um Piano spillt eng Fra. Et ass d'Mitra Kotte, eng Pianistin, déi 1995 zu Wien gebuer ass.
Mat hirem neien Album wëllt si weisen, datt et vill Komponistinne gouf a gëtt, déi aussergewéinlech a virtuos Wierker komponéieren. Mat dobäi sinn nieft der Nadia Boulanger a Louise Farrenc och manner bekannten Nimm wéi d'Éisträicherin Maria Hofer an déi tschechesch Komponistin Vitĕzslava Kaprálová.