Den Album “Offenbach Colorature” koum zwar schonn 2019 eraus, mee bleift ee vun de meescht gefeierten Albume vun der belscher Sopranistin Jodie Devos, déi eis leider virun annerhallwem Joer, am Alter vun nëmme 35 Joer, fir ëmmer verlooss huet. De Label Alpha Classics, mat deem si déi lescht 10 Joer zesummegeschafft huet, huet elo eng Box mat 7 CDe vun der Jodie Devos erausbruecht. “Offenbach Colorature” ass een dovun. An deen Album hu mir eis e bësse méi genee fir Iech ugekuckt.
Um Album fënnt een, wéi den Numm et schonn ukënnegt, lauter Arie vum Offenbach, awer net nëmmen déi immens bekannten Arien, mee eeben och e puer éischter onbekannte Pärelen. D'Jodie Devos séngt hei zesumme mam Münchener Rundfunkorchester ënner der Leedung vum franséischen Dirigent Laurent Campellone.