Als Duo Weyer/Baranov oder Weyer/Maslennikov, oder an anere Formatioune mat Maslennikov a Baranov goufe scho Concerte gespillt. Mee zu Buerglënster treffe sech déi dräi Museker elo déi éischte Kéier fir zesummen als Trio Weyer/Baranov/Maslennikov opzetrieden.
Um Programm stinn zwee grouss russesch Romantiker: Rachmaninoff an Tchaikovsky.
De Concert ass de 16. November um 17:00 am Schlass zu Buerglënster.