D’Esther Conter ass eng jonk Lëtzebuerger Mezzosopranistin an Enseignante fir Gesang am Escher Conservatoire. Wärend hirer Kandheet an engem Studium als Sängerin a Musicalduerstellerin, huet si sech intensiv mat der Fro beschäftegt, wie si als Mënsch ass. Eng richteg Äntwert konnt si awer laang net dorop fannen. An haut?
D’Musekerin schwätzt am mëttlerweil 8. Episod vum Klassik-Talk iwwer hir Kandheet an eng laang Sich no sech selwer. Iwwer déi schéin an och manner schéi Momenter vun enger Karriär mat ville Rollen op der Bün. An och déi grouss musikalesch Projeten, déi si sech fir d’Zukunft virgeholl huet.