De Pierre Nimax Senior war Dirigent, Pianist, Organist, Komponist, Hofkapellmeister an Enseignant an huet d'Musekslandschaft hei zu Lëtzebuerg iwwert Joerzéngte matbestëmmt a beaflosst.
Mee wee war dëse Mënsch wierklech? War hien dee charismatesche Concerts-Pianist? Oder dee strengen Dirigent vun der Militärmusek? Deen talentéierte Museker bei der Revue? Oder den devouéierte Familljemënsch? Oder villäicht dach e bësse vun allem?
D'Elisabeth Wirtz-Lemmel, d'Kuratorin vun der Ausstellung iwwert de Pierre Nimax Senior huet sech mat de Kolleege vum Opus doriwwer ënnerhalen.