Zënter knapp 40 Joer ass de Lëtzebuerger Flüttist, Dirigent, Museker an Enseignant Carlo Jans net just national, ma och international mat groussen Orchesteren als Solist ënnerwee.Iwwer 50 Produktioune sinn esou entstanen a mam Internationale Forum fir Flütt a Piano dann och iwwer 1200 Schülerinnen a Schüler, déi de Carlo Jans iwwer déi lescht 37 Joer zesummebruecht huet.
Elo steet dann ee Joer virun der Pensioun de leschte grousse Projet fir de Museker un. De Concert mat Musek vun de Gebridder “Doppler”.