De Pascal Schumacher gëtt de Weekend vum 11. Oktober mam Opus Klassik 2025 an der Kategorie “Neue Klassik” ausgezeechent. Deene meeschte Leit dierft hien awer als Vibraphonist, Minimal Music-Komponist oder Jazz-Museker bekannt sinn. Domat stellt ee séier fest, datt dem 46 Joer ale Lëtzebuerger seng artistesch Aktivitéiten net op ee Genre kënne reduzéiert ginn. Dat huet awer net verhënnert, datt och hie mat Etikette gelabelt gouf a senger Karriär.
De Pascal Schumacher verréit am “Klassik Talk” wéi hien sech no an no zu deem eklektesche Museker entwéckelt huet, deen hien haut ass. Hie gëtt och perséinlech Ablécker a seng Gedankewelt a verréit wat hie beweegt an inspiréiert. Zum Schluss gi mir vum Pascal Schumacher gewuer, wéi hien de roude Fuedem a senger artistescher Karriär definéiert…