Le Madrigal de Luxembourg gouf 1965 gegrënnt, a séngt dëse Weekend (12. Oktober) an der Philharmonie e Concert fir säi 60. Gebuertsdag. Dofir invitéiert de Madrigal den Trierer Konzertchor an den Ensemble Vocal Eurocantica mat op d'Bün an d'Haaptwierk vum Jubiläumsconcert ass "Ein Deutsches Requiem" vum Johannes Brahms.
Bei där Geleeënheet huet d'Präsidentin vum Madrigal, d'Denise Fischer-Thomas, e klenge Reckbléck op d'Evolutioun vum Chouer gemaach.