ActArt, dat ass eng Concertsserie am Stater Conservatoire, bei där ëmmer aner Enseignanten aus dem Conservatoire zesummen optrieden. De 6. Juli 2025 war et e Grupp vun am Ganzen aacht. Eng Querflütt, eng Blockflütt, zwou Geien, eng Braatsch, en Cello, e Kontrabass an och nach en Cembalo. An alles wéi gesot Enseignantë vum Conservatoire selwer.
Um Programm sti fënnef Komponisten. Dorënner de Carl Philipp Emanuel Bach, ee vun de Bouwe vum Johann Sebastian Bach, an de Franz Benda. Allen zwee hunn am 18. Joerhonnert gelieft, an der Zäit tëschent dem Barock an der Klassik.
De Concert, presentéiert vum Marie Trussart, kann ee bis de 4. November an der Mediathéik online op opus.radio an an der Opus-100,7-App nolauschteren.