Den Titel "Casser les murs" stoung scho fest, mee de Gaaschtdirigent Mateusz Moleda duerft zesumme mam OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, e passende Repertoire festleeën. Wien op kee Fall dierft feele war de Schostakowitsch. Dem Schumann seng Biographie passt sënnbildlech och. Complementéiert ginn déi zwee Komponisten duerch de polnesche Komponist Wojciech Kilar.
De Concert ass de 7. Oktober 2025 am grousse Sall vun der Philharmonie.