"Alles Guddes fir de 90. Gebuertsdag!", esou heescht et de 6. Oktober fir de Leopold Hager. Dee weltberüümten Dirigent huet och hei am Land grouss Spueren hannerlooss. Vun 1981 u war hie 15 Joer laang Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem deemolegen RTL Sinfonieorchester.
Schonn zënter e puer Joerzéngte reest hie vu senger Heemecht Salzburg ronderëm déi ganz Welt fir Concerten. Ass "doheem" éischter eng Plaz oder e Gefill? Wéi koum hien deemools iwwerhaapt op Lëtzebuerg? A wéi war et an de 40er Joren als Bouf zu Salzburg opzewuessen? Dat a villes méi verréit de Leopold Hager.