Den Afel Bocoum ass e Sänger a Gittarist aus dem Mali, dee seng Karriär un der Säit vum Ali Farka Touré ugefaangen huet. Allen Zwee komme si vun Niafunke a gehéieren dem eethnesche Grupp vun de Sonrei un.
Mali ass och d’Heemecht vum Bassekou Kouyate. Hien ass e Meeschter op der Ngoni, eng traditionell Laut, wéi se vill a Westafrika gespillt gëtt.
De Magic Malik ass e bekannte Flüttist aus der franséischer Jazzzeen, geschat fir säi kreativen Univers, deen hie permanent weiderentwéckelt.
“Normalerweis komponéieren ech fir d’éischt d’Musek an da maachen ech mech op d’Sich no de Museker” erkläert den tuneesesche Sänger an Oud-Spiller Dhafer Youssef. Bei sengem 9. Studioalbum Street of Minarets huet hien et genee ëmgedréit gemaach, eng nei Erfarung mat lauter bekannte Museker derbäi …
D’Kaia Kater ass eng kanadesch Singer-Songwriterin, déi d’Gittar, de Piano an och de Banjo spillt, eng schéin Ästhetik héiere mir hei …
Lea Maria Fries ass en neien Numm an eng nei Stemm, eng schéi Stëmm aus der Schwäiz, déi am Abrëll hiren Debutalbum “Cleo” verëffentlecht huet. Tëschent Jazz, Rock a Pop: et ass derwäert sech dee ganzen Disk unzelauschteren!
Playlist:
1. Badge Époque Ensemble - Unity (It's Up To You) [feat. James Baley]
2. Afel Bocoum - Penda Djiga - Lindé
3. Bassekou Kouyate & Ngoni Ba - Jama Ko
4. Magic Malik - Lelola (feat. Olivier Laisney, Maxime Sanchez, Damien Varaillon & Stefano Lucchini) - Jazz Association
5. Dhafer Youssef - Street of Minarets (feat. Ambrose Akinmusire, Nguyên Lê, Dave Holland, Adriano Tenorio DD & Vinnie Colaiuta) - Street of Minarets
6. Steve Shehan - Yaar (feat. Golshifteh Farahni & Didier Malherbe) - Hang With You
7. Kaia Kater - Mechanics of the Mind -Strange Medicine
8. Lea Maria Fries - Witch’s Broom - CLEO
9. PJ Harvey - The Wind - Is This Desire?
10. Rebecca Vasmant - Rooted (feat. Paix & Emilie Boyd) - Rooted
11. Shay Hazan - Dew - Wusul
12. Elvis Costello & The Roots - Wake Me Up - Wise Up Ghost (And Other Songs)