"Flying Bach" - dee witzegen Numm huet ee musikalesche Projet, deen et um Ettelbrooklyn Street Fest de 27. September ze entdecke gëtt. Do ginn dem Bach seng Kantate mat Breakdance gemëscht. Ganz innovativ ass dann den Optrëtt vum belsche Komiker Max Vanderhorst, deen op Béierfläsche Musek spillt. Donieft trëtt nach Louies Cage Percussion op, e Grupp aus Éisträich. Do wäert klassesch Musek mat Storytelling a Kostümer verbonne ginn. Déi artistesch Direktesch Ana Maria Tzekov vum CAPE zu Ettelbréck verréit méi.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Ettelbrookyln Street Fest 2025
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel