Past > Present > Future, dat ass de Motto vum Concert vun United Instruments of Lucilin, mat deem déi nei Saison agelaut gëtt. Wéi den Numm et verréit, ass et eng musikalesch Zäitrees. Engersäits gëtt zeréckgekuckt op déi lescht 25 Joer, an deene Lucilin schonn existéiert. Da geet et awer och ëm d'Géigewaart an d'Zukunft vum Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek.
De Concert ass um 19:30 de 25. September am Klub vun de Rotonden, an den opus 100,7 ass op der Plaz.