arrow_back_ios

Opus Aktuell

100komma7.lu / Opus Aktuell

/ Harmonesche Moien an éischte Live-Concert vun dëser Saison

Harmonesche Moien an éischte Live-Concert vun dëser Saison

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

"Harmonesche Moien", esou heescht déi nei Sendung um Opus, déi méindes bis freides ëmmer vun 9 bis 12 Auer Moies leeft. Lauschtere kann een déi aktuell net nëmmen um Webradio op www.opus.radio, mee och op der Opus-100,7-App. Do kann een och soss zu all Moment ee breede Choix u klassescher Musek lauschteren, vill Interviewen ënner anerem am Kader vun aktuelle Concerten a weider spannend Formater fir klassesch Musek nei kennenzeléieren. Weekends lafe weider vill Concerten, a sonndes gëtt et zweemol eis Sendung "Resonanzen", an där aktuell Eventer aus der klassescher Musekszeen am Vierdergrond stinn.


Weider ginn et och reegelméisseg Concerten, déi live um Opus presentéiert ginn. Eisen éischte Live-Concert vun dëser Saison presentéiert de Guy Engels haut den Owend, 22.9. Et ass ee grousse Concert, dee mir Live vun hallwer 8 un aus der Philharmonie iwwerdroen, well do stinn direkt zwee grouss Lëtzebuerger Chéier op der Bün, an domat nach net genuch - mat dobäi sinn och d’SEL - d’Solistes Européens, Luxembourg an hire Chefdirigent Christoph König, a mat dobäi ass och nach de Pianist Jean Muller.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Bewitched"

Tëschent Jazz a Klassik mam Arthur Stockel, de 4. Juni am CAPE
headphones

4 min

play_arrow

360 Grad Concert mam Lëtzebuerger Kammerorchester

Eng nei Aart a Weis. klassesch Musek ze erliewe versprécht zënter 2024 ee Concertskonzept vum Orchestre de Chambre de Luxembourg (OCL), dat elo weider Concerten ubitt.
headphones

3 min

play_arrow

Clara Schumann: 130. Doudesdag

Eng vun de wéinege bekannte Komponistinnen, mee gëtt déi haiteg Unerkennung hirem Wierke gerecht?
headphones

5 min

play_arrow

Wann engem seng Welt ënnergeet

Den Cellist Jean-Guihen Queyras iwwer dem Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps an doriwwer firwat de Weltënnergang och haut relevant ass.
headphones

4 min

play_arrow

Ivan Boumans feiert Uropféierung zu Liechtenstein

De Sinfonieorchester Liechtenstein spillt dem Lëtzebuerger Komponist säi Kontrabass-Concerto.
headphones

4 min

play_arrow

De Pierre Cao ass dout

Wéi eng Rei verschidde Source mellen, ass de Pierre Cao am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
headphones

5 min

play_arrow

De Pierre Cao ass dout

Wéi eng Rei verschidde Source mellen, ass de Pierre Cao am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
headphones

5 min

play_arrow

70. Gebuertsdag vum Gast Waltzing an der Philharmonie

De Gast Waltzing feiert dëst Joer säi siwwenzegste Gebuertsdag mat engem grousse Concert an der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow

Klassik Talk mam Claude Lenners

Den nächste Gaascht vu Klassik Talk ass de Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners, dee feiert dës Woch säi 70. Gebuertsdag.
headphones

5 min

play_arrow

Der nächster Generatioun d'Mandolinn méi no bréngen

D’Mandolinn ass en Instrument mat enger laanger Traditioun, déi bis an de Barock zeréckgeet. Mee wéi bréngt een dëst klassescht Zupfinstrument der jonker Generatioun vun haut bäi?
headphones

4 min

play_arrow

Fir den Europadag ze feieren ...

... organiséiert de Choeur de Chambre de Luxembourg (CCL) haut den Owend (8.05.) um 7:30 Auer e Concert am Grousse Sall vun der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow

Musek an Architektur: De Raum als gemeinsamen Nenner

Den nächste Weekend invitéiert den Ensembel Lucilin op zwee Deeg op Rëmerschen ënner dem Titel “Musique + Architecture”.

Zwee nei Formater, Amtsuntrëtt vum Martin Rajna, Beethoven-Jubiläum

Dat sinn déi grouss Theeme gewiescht op der Pressekonferenz vun der Philharmonie iwwer hir Saison 26/27.
headphones

3 min

play_arrow

Nabucco am Groussen Theater

Deen englesch-italieeneschen Dirigent Gaetano Lo Coco dirigéiert d'Lëtzebuerger Philharmoniker an dëser moderner Mise en scène vun der epescher Oper.
headphones

4 min

play_arrow

Eng musikalesch Mëttespaus mat Pueri Cantores

Ronn 60 jonk Sänger kann een en Dënschdeg de Mëtteg um 12h30 an d’Philharmonie um Kierchbierg op ee gratis Concert lauschtere goen.
headphones

3 min

play_arrow

Les Classiques With A Twist

WienLoscht huet déi kommend Woch mat wuertwiertleche Klassiker an d'Woch ze starten, dee kann dat a Begleedung vun de Solistes Européens, Luxembourg maachen. Mee mat engem Twist!
headphones

3 min

play_arrow

Gitarrefestival 2026

Fir d’Lëtzebuerger Klassikzeen gëtt et dës Joer ee klenge Jubiläum ze feieren: de Gitarrefestival start nämlech a seng 5. Editioun.
headphones

3 min

play_arrow

Wéi kann een eng Operefigur nei interpretéieren?

D'Sängerin Mária Devitzaki verkierpert den Haaptpersonnage "Elle" aus der Oper "La voix humaine", ergänzt duerch eng Dänzerin, den 29. Abrëll am Trifolion.
headphones

4 min

play_arrow

Eng Barocke Mise en Bouche

Barock Häppercher kritt een de 28. Abrëll am Espace Découvertes vun der Philharmonie zerwéiert. D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert Wierker vum Bach.
headphones

4 min

play_arrow

Romantesch Dialoguen tëschent engem Cello an engem Piano

Ënner dem Titel Dialogues Romantiques lueden de Pianist Romain Nosbaum an d’Cellistin Judith Lecuit op e Concert an der Maison Noem an.
headphones

3 min

play_arrow