Den Edinburgh International Festival gouf dëst Joer opgemaach mat engem fulminante Mammut-Wierk aus der Fieder vum Trompettist a Komponist Wynton Marsalis. "All Rise" ass eng Sinfonie an 12 Sätz, déi vun deenen iwwer 200 Interpreten op der Bün zu engem reegelrechte musikalesche Spektakel ginn. Dem Marsalis seng Big Band Jazz at Lincoln Center begéinen dem Royal Scottish National Orchestra, dem Edinburgh Festival Chouer an den Jason Max Festival Singers. Dat ganzt steet ënnert der Baguette vum renomméierte James Gaffigan.
Playlist:
01. Jubal Step
02. A Hundred and a Hundred, a Hundred and Twelve
03. Go Slow (But Don’t Stop)
04. Wild Strumming of Fiddle
05. Saturday Night Slow Drag
06. I am (Don’t You Run From Me)