De Miles Davis ass eng absolut Valeur an der Jazz-Welt, eng Legend, an hannert der Aura an der schwaarzer Trompett verstoppt sech eng iwweraus komplex Perséinlechkeet, déi e beweegtent Liewe gefouert huet. Tëscht onermiddlechem Pionéiergeescht an der Musek, engem extrovertéierte Scheinwerfer-Optrieden, engem Hang fir schéi Fraen u senger Säit an engem permanente Kampf mat eegenen Dämonen, hannerléisst de Prince of Darkness eis en Heritage, dee Sengesgläiche sicht. Him zu Éiere lauschtere mer an eng explosiv Concerts-Opnam eran, déi den 01.11.1967 zu Helsinki am Kulttuuritalo gemaach ginn ass. Den zweete grousse Quintett mam Wayne Shorter, Herbie Hancock, Ron Carter an Tony Williams liwwert standesgeméiss e Set, wou d'grenze vun der Harmonie, dem Interplay an och deenen eenzelne Stécker verschwammen.
Playlist:
01. Miles Davis Quintet - Miles Davis (1926-1991) - Agitation
02. Miles Davis Quintet - Wayne Shorter (1933-2023) - Footprints
03. Miles Davis Quintet - Thelonious Monk (1917-1982) - Round Midnight
04. Miles Davis Quintet - Richard Carpenter (20th cent.) - Walkin'
05. Miles Davis Quintet - Wayne Shorter (1933-2023) - Masqualero