Den James Brandon Lewis, Joergang 1983, beweegt sech op de Spuere vun engem spéiden John Coltrane, spillt awer genee esou lassgeléist vun alle Konzessioune wéi säin aneren Idol, den David S. Ware, dee scho méi Richtung Free Jazz geet. Aner Nimm, déi engem an de Kapp kommen, sinn den Charles Lloyd oder Joe Henderson. Zesumme mat senger Band, mam Aruan Ortiz um Piano, dem Brad Jones um Bass an dem Chad Taylor op der Batterie, liwwere si den 01.11.25 e geniale Set of, dee vun Energie spruddelt.
Playlist:
01. James Brandon Lewis (1983) - Ware
02. James Brandon Lewis (1983) - Per 7
03. James Brandon Lewis (1983) - Even The Sparrow
04. James Brandon Lewis (1983) - Helix
05. James Brandon Lewis (1983) - Remember Rosalini
06. James Brandon Lewis (1983) - Mr. Crick