Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Monique Kuffer & Tom Faber

Mat den zwee Membere vum Réidener Gemengerot schwätze mer iwwert d'Entwécklung vu Réiden un der Atert als regionalen Zenter vum Kanton Réiden.

Roger Schauls

De Wollef ass zréck zu Lëtzebuerg. De Biolog vum Mouvement écologique schwätzt iwwert den Impakt op d'Ëmwelt an de Mënsch.

Christof Mann

Fir Leit déi duerch d'sozial Netz gefall sinn gëtt et an der Stad Lëtzebuerg puer Opfaangstrukturen. De Responsabelen schwätzt iwwert Aarmut an der Stad.

Laurent Loschetter

De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass neie President vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 nodeems d'Mandat vu senger Virgängerin net erneiert ginn ass.

Ralph Schroeder

Am Oktober geet déi nei zoue Sécherheetsunitéit zu Dräibur op. Mam neien Direkter vum Centre socio-éducatif de l'Etat geet et ëm d'Preparatioun.

Léon Gloden a René Sertznig

Iwwert d'Tanklager, d'Parkplazen an de Wunnengsbau zu Gréiwemaacher diskutéieren den CSV-Buergermeeschter an den DP-Gemengeconseiller.

Gilles Braas

De Lëtzebuerger Volleyballspiller wiesselt vu Walfer an déi däitsch Bundesliga.

Georg Mein

D'Uni kritt deemnächst en neie Recteur an d'Unisgesetz gëtt reforméiert. Doriwwer geet Rieds mam Doyen vun der geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit.

François Bausch

E Sträit tëscht Lux-airport an der staatlecher Fluchhafe-Verwaltung ANA kéint zu engem Streik féieren. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister reagéiert.

Robert Scharfe

Mam Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Bourse schwätze mir iwwert d'Entwécklung vum Luxembourg Green Exchange, dee virun engem Joer lancéiert gouf.
Nico Hoffmann

Nico Hoffmann

Mam President vum Konsumenteschutz schwätze mir iwwert Bankfraisen, d'Fermeture vu Banken- a Postfilialen an aner prioritär Campagnë bei der ULC.

Frank Arndt & Henri Roemer

Wolz ass eng vun den äermste Gemengen am Land (Statec). De LSAP-Buergermeeschter an den DP-Oppositiounsvertrieder diskutéieren iwwert d'Zukunft vun der Nordgemeng.

Tonika Hirdman

D'Generaldirectrice vun der Fondation de Luxembourg schwätzt iwwert de Boom vun der Philanthropie an d'Motivatioun vun den Donateuren.

Luc Heuschling

De Professer fir Droit an Expert fir konstitutionellt d'Recht analyséiert a kommentéiert d'Aarbechten un der Verfassungsreform.

Laurent Pfister

De Fuerscher an der Hydrologie am Luxembourg Institute of Science and Technology beäntwert d'Fro, ob mir eis un déi extrem Wiederkonditiounen an d'Zukunft gewinne mussen.

Jean Stoll

Wat ass d'Landwirtschaft haut nach wäert a wéi eng Roll huet de Bauer ze spillen? Dat froe mir den Agraringenieur.

Romain Reitz a Christian Kmiotek

Mam CSV Buergermeeschter vu Jonglënster a mam gréngen Oppositiounspolitiker schwätze mir iwwert d'Schwéierpunkte fir d'Gemengewahlen 2017.

Ben Gastauer

Am Summer ass hie säi véierte Tour de France gefuer. Vun nächster Saison un huet all Equipe awer manner Coureuren disponibel. Wat heescht dat fir de lëtzebuergesche Cyclist?

Thorsten Faas

Mir froen den däitsche Politolog, ob nieft der Angela Merkel soss nach een eng Chance huet, däitsche Kanzler ze ginn.

Stephan Hobe

Mir froen de Professer fir Weltraumrecht, ob d'Lëtzebuerger Gesetz iwwer de Space Mining mat internationalem Recht kompatibel ass.