Invité:e vum Dag
Jean Stoll
Eng Majoritéit vun de Liewensmëttelskandaler aus deene leschte Joerzéngten hunn hir Source bei enger Landwirtschaft, déi sech ëmmer méi rationaliséiert huet an ëmmer méi industrialiséiert gouf. Beim rezente Fipronil-Skandal hunn d'Baueren hir Betriber externe Firmen uvertraut, déi hirersäits fir d'Propretéit sollte suergen. Esou Firmen dierfte sech awer wéineg mat den alldeeglechen Aufgabe vun engem Bauer auskennen. Wéi vill ass d'Landwirtschaft an den Know-How vun de Baueren haut nach wäert? Dat freet d'Tessy Steffen Koenig den Agraringenieur Jean Stoll.