Radioen

On air

Notturno  |  Das Radial - Data Ich

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Ainhoa Achutegui

Ainhoa Achutegui

De "Planning Familial" ass géint d'Prostitutioun. D'Presidentin erkläert d'Positioun vun der Associatioun.

Viviane Reding (CSV) & Claude Turmes (Gréng)

D'Lëtzebuerger EU-Parlementarier diskutéieren iwwert d'Konsequenzen vum Brexit.

Pierre Reyland

Brexit oder net? D'Wahlziedelen am britesche Referendum ginn zanter gëschter Owend ausgezielt. De Pierre Reyland ass live fir eis op der Plaz zu London.

Romain Bausch

De President vum "Nationale Rot fir déi Ëffentlech Finanzen" kommentéiert d'Entwécklung vun de Staatsfinanzen.

Jean-Jacques Tortora

Mam Direkter vum Europäeschen Institut fir Weltraumpolitik (ESPI) geet Rieds iwwer Space Mining an d'europäesch Weltraumpolitik.

Pierre Gramegna

D'Konsequenze vun engem Brexit an déi europäesch Steierpolitik ginn diskutéiert mam Finanzminister Pierre Gramegna.

Patrick Goldschmidt & Marc Angel

Mam DP-Schäffen a mam LSAP-Gemengeconseiller geet Rieds iwwert den neie Bebauungsplang fir d’Stad Lëtzebuerg.

Lynn Zoenen

Wéi eng economesch Konsequenze fir Lëtzebuerg hätt e "Brexit"? Doriwwer geet Rieds mat der Economistin vun der Chambre de Commerce.

Henri Kox

Den Deputéierte vun déi Gréng iwwert d'Entrevue vun 80 Gemenge mam EU-Parlamentspresident: hir Fuederung ass d'Fermeture vun der Atomzentral Tihange.

Foni Le Brun

Wat fir e Stellewäert huet d'Archeologie zu Lëtzebuerg? De Chargé de direction vum "Centre national de recherche archéologique" erkläert.

Michel Simonis

Mam Generaldirekter vum Roude Kräiz geet et ëm Aarmut, Flüchtlingen an Auslandsasätz.

Luc Holtz

De Lëtzebuerger Nationaltrainer schwätzt iwwert seng Favoritte bei der EM an iwwert d'Zukunft vum jonken Talent Vincent Thill.

Claude Wiseler & Alex Bodry

D'Fraktiounscheffen vun der CSV an der LSAP diskutéieren iwwert de Fräihandelsaccord CETA an iwwert politesch Sondagen.

Laura Zuccoli

D'Begleedung vu Flüchtlingen an d'Plaz vun den Net-Lëtzebuerger an der Gesellschaft sinn d'Thema mat der ASTI-Presidentin.
Michel Reckinger

Michel Reckinger

Mam President vun der Handwierkerfederatioun geet Rieds iwwert d'Beruffausbildung an d'Zukunft vun den Handwierksberuffer.

Romain Schneider

Wéi positionéiert sech d'Regierung am Konflikt am Gesondheets- a Sozialsecteur? De Sozialminister Romain Schneider am Gespréich.

Laurent Heisten

Mam Spriecher vun "Déi Liberal" geet Rieds vu rezente Positiounen a vum Bilan - ee Joer no der Grënnung - vun där politescher Bewegung.

Claude Meisch

Virun der grousser Vakanz mussen eng Rei Edukatiounsprojeten duerch d'Chamber, fir an der Rentrée a Kraaft ze trieden. Doriwwer geet mam Edukatiounsminister Rieds.

John Santurbano

Mam Direkter vun der ANA, der "Administration nationale de l'aviation" geet e.a. riets iwwert d'Iwwerwaachung vum Lëtzebuerger Fluchraum.
Eugène Berger

Eugène Berger

Fir de Staatstrojaner wäert et kee gesetzleche Kader ginn, mengt den DP-Fraktiounschef.