Invité:e vum Dag
John Santurbano
Fréistens vrum Summer fält eng Decisioun, wien an Zukunft zoustänneg gëtt fir d’Iwwerwaachung vum nationale Loftraum; dat sot de John Santurbano, den Direkter vun der “Administration de la navigation aérienne” de Moien hei op der Antenn. De nationale Radarservice soll dann un en auslänneschen Acteur ausgelagert ginn. Déi aktuell Fluchloste vum Radar, géingen an en aneren neie Service iwwerwiesselen: de Buedemradar. Als Grond nennt de John Santurbano d’Sécherheet, eng Käschtereduzéierung an, datt een zu Lëtzebuerg net genuch Fluchlotse fënnt. - Déi betraffe Beamten, d’Associatioun vu de Linnepiloten an eng Rei Fluchgesellschafte si géint dee Projet. - De 9. Juni presentéiert de Minister François Bausch der zoustänneger Chamberkommissioun Etuden iwwert eng Restrukturéierung vun de Servicer vu “Loftfahrtverwaltung”. Duerch d'Gespréich mam Direkter vun der ANA, der "Administration nationale de l'aviation" féiert d'Mick Entringer.