Invité:e vum Dag
Eugène Berger
An der Reform vum Geheimdéngscht, déi d’Aféierung vun engem Staatstrojaner virgesäit, gëtt de Kritike vun der Dateschutzkommissioun an der konsultativer Mënscherechtskommissioun net Rechnung gedroen. Dat seet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. Béid Instanzen hate grouss Reserve beim Projet de loi iwwert d’Antiterrormeseuren. An deem Kontext ass och fir d’Justiz eng staatlesch Software fir Iwwerwaachung virgesinn. D’Institutiouns-Chamberkommissioun wäert d’Gesetz iwwert de Geheimdéngscht net nobesseren, esou den Eugène Berger. De Staatstrojaner fir de SREL gëtt demno gesetzlech net zousätzlech encadréiert. An den DP-Fraktiounschef geet dovun aus, datt och de Staatstrojaner fir d’Justiz keen zousätzlechen, gesetzleche Kader wäert kréien. D'Mick Entringer feiert duerch d'Gespréich.