Invité:e vum Dag
Jean-Jacques Tortora
D'Europäescht Institut fir Weltraumfuerschung zu Wien (ESPI) ass den eenzegen europäeschen Thinktank, dee sech mat mëttel- a laangfristege Froe wéi Sécherheet, Mobilitéit a Ressourcemanagement a puncto Weltraumpolitik vun der EU beschäftegt a Recommandatiounen fir d'EU-Weltraumpolitik mécht. Initiéiert ass d'Denkfabrik vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA an der éisträichescher Weltraumagence.
Invité vum Dag ass den Direkter vum Institut, de Jean-Jacques Tortora. Eise Korrespondent Daniel Schneider schwätzt mat him zu Wien iwwert Space Mining an déi europäesch Weltraumpolitik.