Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Hang Down Your Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Camille Gira

Am Avis vum Staatsrot iwwert dat neit Naturschutzgesetz sti 27 "Oppositions formelles". De Staatssekretär am Ëmweltministère muss de Projet amendéieren.

Marc Schiltz - Fonds National de la Recherche

Um internationalen Dag vun der Wëssenschaft geet mam FNR-Generalsekretär Rieds iwwert d'Prioritéite vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg.

Steve Heiliger

Mam Generalsekretär vun der CGFT geet Rieds iwwert d'Erausfuerderunge vun de Fonction publique an iwwert d'Ëmsetzung vun der Reform vum ëffentlechen Déngscht.

François Bausch

D'Wirtschaft wiisst a Lëtzebuerg erstéckt am Verkéierschaos. De Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister schwätzt iwwert d'Gestioun vum Alldagsstau.

Claudia Dall'Agnol

No engem kriteschen Avis vum Staatsrot iwwert déi geplangte Policereform muss d'Chamber nobesseren. D'Rapportrice erkläert d'Ausriichtung vum Gesetz.

Dr. Martine Goergen

Zënter dem éischte Juli ass d'Doktesch Martine Goergen Directrice médical vum Centre Hospitalier CHL. Si fuerdert méi eng héich Unzuel un IRMen.

Ulf Nehrbass

Zënter dem 1. Oktober ass den Ulf Nehrbass den neie Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health. Wat si seng Ambitiounen?

Heiner Monheim

Et muss een ewechkomme vum Auto, mengt den däitsche Verkéierswëssenschaftler.
Yves Nosbusch

Yves Nosbusch

De President vum "Conseil national des finances publiques" schwätzt iwwert d'Nohaltegkeet vun de Staatsfinanzen.
Luc Caregari

Luc Caregari

Zu Lëtzebuerg ginn et 500 professionell Journalisten. En neie Verband vertrëtt hir Interessen. De President schwätzt iwwert d'Prioritéiten.
Gaston Reinesch

Gaston Reinesch

D'EZB huet decidéiert, och 2018 Obligatiounen opzekafen: Explicatioune vum President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.

Raymond Aendekerk & Guy Feyder

De Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg an de Member vun der Bauerenzentral diskutéieren iwwert d'Zukunft vum Herbizid Glyphosat.

Fernand Reinig

Den Interimsdirekter vum "Luxembourg Institute of Science and Technology" (List) schwätzt iwwert d'Problemer an d'Erausfuerderungen vum Fuerschungsinstitut.

Cédric Bellwald

Den neie President vun der "Conférence du jeune barreau" schwätzt iwwert d'Erausfuerderunge vu jonken Affekoten.

Jean-Louis Schiltz

Spacemining a Mediepolitk sinn Theme mam Geschäftsaffekot, Member am CLT-UFA Verwaltungsrot a fréiere Kommunikatiounsminister.
Danièle Weber vum EU-Sommet

Danièle Weber vum EU-Sommet

Migratioun, den digitale Maart an d'Relatioune mat der Tierkei: De Bilan vum 1. Dag vum EU-Sommet mat der 100,7-EU-Korrespondentin.

Erik Schneider

Transgenderpersounen hunn en eendeitegt biologescht Geschlecht, mä si kënne sech psychologesch net domat identifizéieren.

Joëlle Christen & Robert Urbé

Dem Statec no ass zu Lëtzebuerg ee vu fënnef Awunner vun Aarmut bedreet. D'Presidentin vun "ATD Quart Monde" an de Sozialexpert vun der Caritas kommentéieren.

Claude Wiseler

Mam CSV-Fraktiounschef a Spëtzekandidat geet Rieds iwwert déi politesch Aktualitéit an iwwert de Wee vun der CSV zréck un d'Muecht.

Katrin Praprotnik

An Éisträich gewënnt den aktuellen 31 Joer alen Ausseminister vun der konservativer ÖVP d'Wahlen. Eng Analyse mat der Politologin Katrin Praprotnik.