arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Joëlle Christen & Robert Urbé
Dem Statec no ass zu Lëtzebuerg ee vu fënnef Awunner vun Aarmut bedreet. All zéngte Lëtzebuerger Resident lieft dauerhaft an Aarmut. Dat trotz Sozialtransferen a bei bis zu fënnef Prozent Wirtschaftswuesstem. Ouni Sozialtransfere géingen, dem Statec no, iwwer 44 Prozent vun der Populatioun d'Aarmut riskéieren. D'Presidentin vun ATD Quart Monde Joëlle Christen an de Robert Urbé, de Sozialexpert vun der Caritas kommentéieren. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.