Invité:e vum Dag
Danièle Weber vum EU-Sommet
Migratioun - d'Relatioun mat der Tierkei an den digitale Maart an der EU - dat waren déi grouss Sujeten um Donneschdeg, dem éischten Dag vum EU-Sommet.
Grouss Decisioune goufe keng geholl - et gouf éischter dofir gesuergt, datt op d'mannst fir wichteg Sujeten Datume fir Echeancë festgehale goufen. Sou gouf decidéiert, datt an der éischter Halschent vum nächste Joer een Accord iwwert nei Regele fir den Asylsystem um Dësch leie soll.
Lëtzebuerg konnt sech an engem Dossier duerchsetzen: Et gouf festgehalen, datt d'EU bei der Entwécklung vun engem neie Steiersystem fir Internet-Entreprisen elo mol keen "Alleingang" mécht - mä datt op d'mannst nach bis am Fréijoer ofgewaart gëtt an datt een och dat mat abezitt, wat d'OEZD bis dohinner presentéiert. Op deem Niveau gëtt scho laang un neie Regele geschafft.
De Jamie Reinert am Gespréich mat der 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber.