arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Erik Schneider
Transgenderpersounen hunn en eendeitegt Geschlecht no medezineschen Normen, mä si kënne sech net domat identifizéieren. Am Mee dëst Joer gouf e Gesetzprojet vum Justizminister Felix Braz virgeluecht, dat ënner anerem d'Verännerung vum Numm a vum Ausgesi vereinfacht. Mat wéi engen Defien hunn Transgender-Mënschen ze kämpfen a wéi eng Roll spillt dobäi d'Erzéiung? Dat beäntwert den Erik Schneider vun der Asbl Intersex and Transgender Lëtzebuerg. Duerch d'Gespréich féiert d'Tessy Steffen Koenig.