Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Wéi een intressant lëtzebuergescht Wuert hues de eis haut matbruecht?
C: Ech kommen mat engem typesch lëtzebuergesche Wuert, awer lo net e Wuert, wat Är Grousseltere vläicht benotzt hunn, mee e Wuert, wat typesch ass, wann een d'Lëtzebuerger Orthografie léiert. An zwar gëtt et eng grouss Reegel, déi ee sech vläicht kéint a sollt verhalen.
S: A wéi heescht déi Reegel?
C: Déi Reegel an och eist Wiwi-Wuert vun haut heescht Quantitéitsreegel.
S: Ech mengen, dat hu mer schonn eng Kéier hei beschwat, mee gutt, dass mer eng Opfrëschung maachen. A firwat eigentlech 'Quantitéit' bei Quantitéitsreegel?
C: Et geet drëm, dass d'Quantitéit sech op zwou Saache bezitt. 1) Ass de Vokal laang oder kuerz? An wann e laang ass, dann huet en, wi mir an der Phonetik soen, eng gréisser Quantitéit. An da geet et drëm, dass ech e laang geschwate Vokal ee Mol schreiwen, ausser et sti méi wi zwee Konsonanten hannendrunner. Dat heescht Quantitéit bedeit och, dass ech d'Quantitéit vun den Konsonanten zielen. Do si mer lo bei engem reng grafeschen Theema. Also 2) Wéi eng Quantitéit, also Unzuel u Konsonante steet hannerum Vokal? Dofir: fir d'éischt muss ech phoneetesch wëssen, ass de Vokal laang oder kuerz an deen huet da Repercussiounen op de Konsonant hannendrun.
S: Kanns de dat vläicht mat engem Beispill erklären?
C: Jo, gär. Kucke mer e Beispill mam Wuert 'al'. Wann ech soen: eng al Kaz an en aalt Päerd. Dann hunn ech ee Mol 'al' an ee Mol 'aalt'. Ech schreiwen dat awer ënnerschiddlech, obwuel d'Form 'al' genee d'selwecht kléngt. Ech hunn zwee Mol e laange Vokal an en L. An hannendrunner kënnt awer bei 'al Kaz' AL, dofir schreiwen ech just een A, well 't ass just ee Konsonant, a bei 'aalt Päerd' hunn ech zwee Konsonanten, en L an en T (aalt), an dann gëtt de Vokal verduebelt.
S: A ween huet sech déi Reegel dann ausgeduecht?
C: Wéi al, mengs de, ass déi Reegel?
S: ___
C: Déi Reegel ass suguer nach virum Éischte Weltkrich erauskomm, zimmlech genee am Joer vum Éischte Weltkrich, wou deen ugefaangen huet, awer net wéinst der Quantitéitsreegel. De Grondprinzip vun der Quantitéitsreegel ass deemno vun 1914!
Ech hat do e bëssen am Originaltext gebliedert …
S: Wat een esou a senger Fräizäit mécht …
C: Tatsächlech hat ech elo Congé an hat et am Wantergaart duerchgelies! Mee do steet am Text vun 1914, Zitat: Langer Vokal bleibt unbezeichnet; kurzer Vokal wird durch Verdoppelung des darauffolgenden Konsonanten ausgedrückt.
A fir dann awer bei méi Konsonanten ze wëssen, ob de Vokal laang oder kuerz ass, musse mer ab 2 Konsonanten de Vokal verduebelen. Fréier huet een dat mat engem Hittche markéiert, haut schreiwe mer de Vokal dann zwee Mol.
Et ass awer och eng Reegel, di de Leit immens vill Schwieregkeete mécht.
S: Firwat genee?
C: Well d'Leit ëmmer Tendenz hunn, fir all laange Vokal wëlle ganz laang ze markéieren. Also hei ass elo keen Orthografie-Shaming, mee dat méchs du och vill, wann s de schreifs – mee ganz éierlech, als Teenager hunn ech dat och esou gemaach!
Generell hunn ech dat ganz oft gesinn, dass d'Leit eeben 'dat' a 'wat' mat zwee A schreiwen, well d'Gefill hunn, jo, mee ech schwätzen och extra laang an da wëll ech en och extra laang schreiwen. An der Linguistik heescht dat ikonesch. Ikonesch bedeit, ech wëll e Méi un Aussprooch mat engem méi u Schrëftzeechen. Dat ass awer leider net, wi di Reegel festgehalen ass. Ganz änlech och: molen, awer du mools. Do steet wéinst der Unzuel u Konsonanten den 'o' aleng oder duebel.
S: Mengs de, déi gëtt dann eng Kéier geännert?
C: Ech fäerten, dass déi subal net geännert gëtt, ass souwisou ëmmer ganz schwiereg mat orthografeschen Ännerungen, well déi, di sech dat lo jorelaang wierklech an der Detailaarbecht autodidaktesch bäibruet hunn, well et jo ëmmer nach keen Deel vum Schoulplang ass, déi sinn natierlech rosen, well sech denke, wat hunn ech mech lo éiweg geplot, fir dat ze léieren! D'Fro wier awer, wat ass mat deene Leit, di se nei léieren? Wier dat vläicht hëllefräich? An et dierf een net vergiessen, dass mir dat aus deenen anere grousse Länner kennen, ëmmer wa sech eng Orthografie verännert, gi ganz vill Leit immens rosen a fille sech perséinlech ugegraff. Et muss een einfach lues maache mat Reformen, grad wa sech eng Schrëftlechkeet am Lëtzebuergeschen eréischt säit 30 Joer vill méi komplex etabléiert.
S: Jo, dat ass warscheinlech keng sou einfach Decisioun.
C: Nee, leider net. Awer ech halen Iech um Lafenden, wann et do Ännerunge sollt ginn! Mee egal wéi, schreift weider Lëtzebuergesch! Wéi ee korrekt schreift an ob dat relevant ass, hänkt einfach absolut vum Kontext of, mee Haaptsaach, mer schreiwen!
S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!