Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Bei der leschter Episod hate mer mat 'mof' ze dinn an do sos de, dass mer haut weidermaache mat enger weiderer Faarf, nämlech 'orange'.
C: Richteg, haut schwätzen ech iwwert d'Wuert Orange. An zwar geet et mer och ëm d'Fruucht Orange. Méi genee interesséiert mech, wou dat Wuert am Fong hierkënnt a wéi de Lien zur Faarf ass. Also orthografesch ass mengen ech näischt ganz speziell, well et ass einfach wéi am Franséischen: Orange. Also bis op liicht Betounungsënnerscheeder wéi den Accent vun der Silb ass et scho bal änlech. Also mir schreiwen dat O-R-A-N-G-E. An dat ass super interessant, dass mir deen Nasal natierlech mat riwwergeholl hunn.
S: Den Nasal ass deen "an" bei "Orange"?
C: Jo, Nasal, well de Vokal souzesoen duerch d'Nues geschwat gëtt: Orange. Dat ass am Lëtzebuergeschen an am Franséischen esou fixéiert an der Aussprooch. Awer am Däitschen gëtt et do eng Variatioun. Dat heescht, eigentlech kann een do mat Nasal soen: Orange. Oder ouni: Orange (Orangsche). Wann ech Orangsche soen, dann hunn ech aus dem Vokal dat Nasaalt erausgeholl. An dat ass dann iwwergaangen an en nasale Konsonant.
S: Wéi mengs de dat?
C: Ma Nasalvokalen, dat sinn am Franséischen den