Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Du has eis d'lescht Woch gesot, dass et haut mat Iessbarem weidergeet.
C: Maja, d'lescht Woch hu mer eis mat der Tomat auserneegesat. An zwar si mer do op den Ursprong agaangen. Weess de nach, wou dee war?
S: Jo, iergendeppes a Mexiko, gell, esou eng azteekesch Sprooch.
C: Ganz genee, dat war aus dem Nahuatl, sou nennt een déi azteekesch Sprooch. An do ass et drëm gaangen, dass dat Wuert Tomatl d'Ursprongswuert war. Du erkenns schonn e Muster, well d'Sprooch heescht Nahuatl, mer hate schonn d'Tomatl an och beim Schocki ..
S: Do hate mer dach och eppes, Schokolade, Schokolatl!
C: Jo, alles Wierder op -atl. An haut kucke mer op en anert Wuert aus dem Azteekeschen, an zwar op d'Avocado. Well Avocado kënnt och aus dem Azteekeschen. Wéi déi Fruucht nach genannt ka ginn, dat gesi mer haut. Dir hutt bestëmmt alleguer eng Avocado am Kapp, oder? Se huet einfach eng gréngelzeg Haut, wat ee se méi laang leie léisst, wat déi méi däischter gëtt a méi schrumpeleg. Bannen huet se hellgréngt bis gielzegt Fleesch an dann deen décken ronne Kär an der Mëtt. A weess du och wéi en Avocado-Bam ausgesäit?
S: ____
C: Déi sinn am Fong risegrouss an uewen hänken déi sou an de Beem. Also déi kënne wierklech immens grouss sinn. An an Zentralamerika, wou d'Avocado hier kënnt, do gëtt se säit iwwer 10.000 Joer benotzt. A mir benotze se an Europa am Fong eréischt säit dem 20. Joerhonnert.
S: A sou? Net éischter?
C: Di éischt Nennung vun der Frucht war vun engem Auteur 1519. Mee d'Avocado ass eréischt nom Zweete Weltkrich am grousse Stil exportéiert ginn. An den Export ass all Joerzéngt geklommen. Do hat ech eng Zuel gelies: 1994 sinn 80.000 Tonnen Avocadoen a Frankräich geliwwert ginn. An 2024, also 30 Joer méi spéit, leie mer scho fir Frankräich bei iwwer 200.000 Tonnen.
S: A wouhier kënnt dat Wuert Avocado eigentlech?
C: Maja, dat kënnt eeben aus dem Azteekeschen. An do ass d' Wuert, op dat et zréckgeet, Ahuacatl. An Ahuacatl heescht souwuel déi Fruucht wéi och Hoden.
S: Hoden? Wéi beim Mann?
C: Richteg. Well souwéi se um Bam hänken, dacks zu 2, an hirer Form no erënneren se einfach un e männlechen Hoden. An dat heescht, wa mir vun Avocadoe schwätzen, da geet dat zréck op dat azteekescht Wuert fir Hoden, Ahuacatl.
S: A wéi koum ee vun Ahuacatl op Avocado?
C: Ma d'Spuenier, déi déi Fruucht dann exportéiert hunn, déi hunn dat natierlech an eng spuenesch Sproochstruktur iwwerdroen, well si hunn dat Wuert jo just geschwat héieren. An am Spueneschen ass de V éischter esou behaucht, wéi bei Avocado, dee gëtt net esou richteg WW geschwat. An dofir ass dat méi no beim H am Grondwuert, Ahuacatl. An TL gëtt oft opgeléist am Auslaut.
An de Rescht vun Europa gesäit dat Wuert da geschriwwen an dann etabléiert sech dat. An haut nennt een se am Spueneschen awer aguacate. An Argentinien, Chile, Bolivien a Peru ass et souguer e Quechua-Wuert: palta. Woubäi insgesamt och aner Wierder am Däitschen am Renne ware fir d'Bezeechnung vun der Fruucht.
S: A jo? Hu Leit d'Avokado anescht genannt?
C: Jo, am Laf vun deene leschten 150 Joer, wou sech d'Avocado einfach ëmmer méi etabléiert huet, oder an deene leschten 100 Joer besser gesot, sinn zum Beispill am Däitschen och verschidde Begrëffer am Ëmlaf gewiescht. Zum Beispill, wat mir immens gutt gefält, ass, Butterfrucht oder Butterbirne, well se einfach esou eng bottreg Konsistenz huet, wann s de se benotz. Also eng normal Avocado besteet zwar wéi all Uebst a Geméis haaptsächlech aus Waasser, mee och aus 23 % Fett, wat relativ vill ass. Et ass e ganz gesond Fett, awer wann se eeben e bëssen zeideg ass, da kanns de dat esou schéin schmieren, wéi Botter. An dofir fannen ech Butterbirne super a Birne einfach wéinst hirer Form. An et gouf awer och de Begrëff Avocado-Birne an een, dee mir besonnesch gutt gefält: Alligator-Birne. Dat heescht, déi sou e bëssen vun der Haut hier, wéi sou eng däischter Reptilienhaut wierkt. Wéi ëss du deng Avocado da meeschtens?
S: Ech mengen, ech iesse meeschtens Guacamole.
C: Ech och! Do bleift ni eppes iwwereg bei mir! Mee kuck, Guacamole ass och e Wuert aus dem Nahuatl. An zwar ass do d'Grondwuert, op dat et zréckgeet 'Ahuacamole' oder 'Ahuacamolli'. An dat heescht einfach esou vill wéi Avocadoszooss oder Avocadomëschung, well Ahuaca ass jo den Ufank vum Wuert Ahuacatl a molli heescht einfach Zooss. An do gesäis de nees, wéi et de Wee duerch d'Sprooche gemaach huet beim Import an dass mer haut am Fong kee Lien méi gesinn tëscht Avocado a Guacamole, obwuel dat selwecht Wuert an hinne stécht: Ahuacatl, den Hoden.
S: Ech mengen, ech huelen eng Avocado vun haut u ganz anescht an de Grapp …
C: Du kanns jo ganz zäertlech mat denger Avocado sinn!
S: Wéi war dat Wuert elo scho méi aus dem Azteekeschen?
C: Ahuacatl.
S: Ahuacatl, ma da soe mer der merci, Caroline a freeën eis op déi nächst Wiwi-Episod!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!