arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Hammbier

Lauschteren play_arrow
headphones

7 min

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Eis Uebstserie geet haut weider!

C: Jo, ech sinn absolut onsaisonal a schwätzen elo vum frëschen Uebst. Iergendwéi musse mer d'Këscht mat de Bieren haut zoumaachen. Mer hate schonn d'Päerdsbier, mer haten d'Äerdbier. A wat mengs de kënnt haut?

S: Hammbier!

C: Ganz genee. Also bei der Päerdsbier, fir nach eng Kéier d'Leit alleguer matzehuelen, ware mer e bëssen am Bësch, wou de Wuertdeel 'Päerd' am Fong hierkënnt. Do hate mer Theorië mat, well se esou wéi däischter Päerdsäppel kludderen oder well fréier vläicht Päerd déi besonnesch gäre giess hunn. Bei der Äerdbier war dat vill méi transparent. Ech mengen, do has du am Ufank vun der Folleg scho gesot, dass et mat der Äerd zesummenhänkt, well se einfach iwwert dem Buedem wiisst.

S: Jo, dee war relativ einfach!

C: A bei der Hammbier ass et elo nach méi spannend, well d''Hammbier' huet eng Rei phonologesch a Léinprozesser matgemaach. An da gëtt et um Enn och nach en orthografeschen Tipp.

S: A, eng klassesch Wiwi-Episod! Da komm mer schéisse lass!

C: Bei 'Hammbier' ass natierlech d'Bier erkennbar, mer wëssen, dass et eeben zu enger bestëmmter Uebstsort gehéiert. Awer de Wuertdeel 'Hamm', dat seet engem guer näischt.

S: Moment, Hamm ass dach am Oste vun der Stad, do Richtung Sandweiler?

C: Jo, Hamm ass e Staddeel. Awer Hamm huet näischt mat der Hammbier ze dinn.

S: Dat wier och komesch.

C: An zwar musse mer fir d' Hammbier als éischt an d'Däitscht kucke goen. An do hu mer d'Himbeere. An bei der Himbeere hu mer e bëssen eng verstoppten Etymologie.

S: Mee ganz kuerz, soe mer emol eng Kéier, firwat mir net "Himmbier" soen, mee Hammbier.

C: Dat ass ee Lautwiessel, dee mer bei verschiddene Wierder hunn, wou mer am Däitschen en I hunn an am Lëtzebuergeschen en A.

S: Hues de nach Beispiller dofir?

C: Jo, ech hunn zum Beispill, am Däitschen 'das Kind', am Lëtzebuergeschen 'e Kand'. Mir hunn d' Verb 'finden', ass am Lëtzebuergesche 'fannen'. Also den D ass ewechgaangen, mee den I ass en A ginn. Oder am Däitschen d'Verb 'singen', op Lëtzebuergesch 'sangen', oder 'der Wind' ass 'de Wand'. Dat heescht, dass mer vun engem kuerzen I op e kuerzen A kommen, ass wierklech net esou ongewéinlech. Et ass e systematesche Lautwiessel.

Iwwer d'Himbeere kënne mer awer den Ursprong gesinn, well et ass lo sou, dass dat am Fong an der Geschicht vun deem däitsche Wuert net ëmmer mat engem M war, mee et war eng Hindbeere. H I N D oder H I N T. Deemools war d' Orthografie nach net gereegelt.

S: A wat heescht dann Hind?

C: Ma 'Hind' kënnt vum Wuert 'Hinde' an dat ass eng eeler Form fir eng Hirschkou. Also déi weiblech Form vum Hirsch. An elo si mer am Fong erëm genau esou wäit wéi bei der Päerdsbier, dass een dann erëm net ganz genee novollzéie kann, firwat lo en Déier mat där Bier an Relatioun gesat gëtt. Et ka sinn, dass déi se besonnesch oft giess hunn. Et kann awer och sinn – an dat ass elo och eng Erklärungspist, déi ech fonnt hunn – dass et e Verglach mam Gewei ass. An zwar hu mer jo eng Hindbeere, Himbeere, Hammbier. An déi huet e bëssen méi kleng Dären um Strauch. An dann hu mer nach d'Päerdsbier mat groussen Dären. An dat gouf an der Zäit net just Brombeere, mee och Hirschbeere genannt. An dat kéint eng Analogie sinn, dass d'Hindbeere déi ass mat de kuerze Picken. Also wéi ee sech dat esou virstellt, wéi quasi dann e weiblechen Hirsch da kaum Gewei huet. An déi Päerdsbier, also déi Hirschbeere, dass déi déck Dären huet wéi e risegrousst Gewei. Et gëtt do awer keng eendeiteg Source. Ech fannen awer béides schéin.

S: Mee wéi gëtt eigentlech aus der 'Hindbeere' eng 'Himbeere'?

C: Dat ass e phonologesche Prozess, deen nenne mer Assimilatioun. Assimilatioun bedeit, wa sech Lauter an der Aussproch ugläichen, also assimiléieren. Déi sinn dann vun der Artikulatiounsplaz am Mond esou no beieneen, dass se iergendwéi aneneen iwwerginn. Dat heescht Hindbeere, wann s du N a B ganz no beieneen hues, da gëtt dat zu MB. Well mir hunn den N, dee gëtt mat der Zong hannert den Zänn gebilt. An de B gëtt mat de Lëpse gebilt. A wa mer elo den N och un de Lëpse bilde wëllen, da si mer beim M. An dofir mer ganz oft d'Kombinatioun vun N a B déi zu M a B gëtt, Hintbeere zu Himbeere hei.

S: An du wollts och nach eppes soen iwwer Orthographie?

C: Jo, dat Wuert 'Hammbier' schreiwe mer nämlech säit 2019 mat zwee M. Et gouf bis November 2019, éier déi Lëtzebuerger Orthografie aktualiséiert gouf, mat engem M geschriwwen. An dann ass decidéiert ginn, dass een am Fong déi zwee Wuertdeeler erkennt. Also Hamm a Bier, quitt dass 'Hamm' haut fir eis net méi transparent ass. Mee Bier ass awer e Wuert, wat mer kennen. A wa mer déi zwee Wuertdeeler isoléiere kënnen, da schreiwe mer Hamm mat zwee M, well mer e kuerzen A hunn. An da schreiwe mer natierlech Bier wéi Bier, also B I E R. An Hamm mat zwee M, well géife mer nämlech no den neie Reegelen just een M schreiwen, dann hätte mer 'Hambier', mmm, Schinkenbeere! Dat ass e bëssen Homer Simpson hei.

S: A mat der Schinkenbeere a mat der Hirschkou soen mer elo schonn äddi a merci fir haut. A mir gesinn eis dat nächst Woch erëm an ech mengen, da si mer och duerch mat de Bieren.

C: Jo, dat si mer. Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi! 

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow