arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Fixfeier

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wéi ee Wuert hu mer haut bei Wiwi?

C: Ech schwätzen haut iwwer Fixfeier. An zwar ass dat eent vun deene Wierder, wou ee sech denkt, o esou cool, et ass esou speziell Lëtzebuergesch an am Däitschen heescht dat Streichholz' oder 'Zündhölzer' an dat ass esou extra, mee, Spoiler, esou speziell ass et net, well an den däitschen Dialekter fanne mer dat och.

S: A sou?

C: Fir d'éischt emol ass Fixfeier e Wuert, wat schonn am Wörterbuch der Luxemburger Mundart steet.

S: A vu wéini ass dat? Du schwätz jo soss ëmmer vun deem Dictionnaire aus den 1950er Joren.

C: Ma du mengs domat den LWB, mee de WLM ass iwwer honnert Joer al. A wann ech dann elo soen, dass deen 1906 erauskomm ass, da kanns de der virstellen, dass do schonn am 19. Joerhonnert dru geschafft gouf. Also hei si mer wierklech bei engem ganz ale Sproochgebrauch. An do steet och schonn d'Wuert Fixfeier.

S: A wat hu se deemools dozou geschriwwen?

C: Als éischt emol ganz allgemeng: D'Iddi vum Fixfeier ass, dass een eng Méiglechkeet hat, fir eebe ganz séier mat deene klenge Fixfeieschkëschten oder deene klenge Bréiwercher Feier ze maachen. An dat gouf deemools nach un der Dier verkaf. Dat heescht, do hat een dann déi Verkeefer un der Dier, déi Fixfeier derbäi haten. An déi hate net just Fixfeier am Verkaf, mee och Lompen oder Knäpp oder alles, wat ee esou fir den Haushalt gebraucht huet.

S: Déi hu geschellt an hunn de Leit Fixfeier verkaf?

C: Jo, ënnert anerem! A mer gesinn och, dass am Elsässeschen an am Pfälzeschen änlech Wierder existéieren. An zwar hu mer am Elsässeschen aus der Zäit och d'Wuert Fixhölzel. Also Hölzel fir e klengt Holz an Fix, fir dass et eebe ganz séier an einfach geet, e Feier unzemaachen.

S: Do gouf et nach keng Briqueten, oder?

C: Dat hat ech tatsächlech nogelies, an den Zippo, also de Briquet mam Bensinn fir opzefëlle gouf 1933 an den USA agefouert. An déi éischt Briqueten, wéi mer se haut kennen (also déi een net opfëllt, fir wechzegheien), koume réischt an den 1960er Joren op de Marché.

S: A virdrunner gouf et näischt?

C: Dach, mee dat waren dann esou déck Këschte mat verschiddene cheemesche Substanze wéi Waasserstoff oder Schéisspolver, mee näischt fir de breede Marché an den Haushaltsgebrauch.

S: Ech verstinn. Also hat ee laang Zäit dann d'Fixfeier doheem?

C: Jo an e Fixfeier geet natierlech net esou fix wéi mat engem Briquet, mee de Briquet, dee war do nach net etabléiert an do ass et dann éischter ëm d'Fixfeier gaangen, well een dat dann och am Haushalt hat.

An och am Pfälzesche Wörterbuch, wat och iwwer 100 Joer al ass, do sinn och schonn d'Begrëffer 'Fixfeuer' resp. 'Fixfeier' dran. An hei hu mer och scho Varianten wéi 'Fixholz' oder och 'Fixfeierholz'. Also et huet ëmmer eppes mat 'fix' ze dinn, dass et séier geet an ëmmer iergendeppes mam Holz oder dass eebe Feier do gemaach gëtt.

An do hunn ech et och ganz witzeg fonnt, well se hunn am Pfälzesche Wörterbuch hu se esou en Ausdrock, dee esou e klengen Diss géint Lëtzebuerg ass.

S: Lo sinn ech awer gespaant, wat do steet.

C: An zwar steet do: Déi anere gehe mit Fixfeier, Knäpp un esou Zeugs noh Luxemburg. Dat heescht, alles wat net esou vill wäert ass, déi huelen dat an da verkafen se et de Lëtzebuerger.

Awer mir gesinn, dass d'Fixfeier eppes ass, wat einfach am Standarddäitschen net existéiert, mee wat mer an den ugrenzenden Dialekter awer och als Wuert fannen. Opgefall war mer dat fir d'éischt, well ech et an engem aktuelle saarlänneschen Dictionnaire fonnt hunn, well déi Quellen, déi ech lo grad genannt hat, déi sinn an Iech och honnert Joer al, awer och am Saarlänneschen, do seet een haut och nach Fixfeuer oder Fixfeier.

S: An domat si mer schonn um Enn fir haut!

C: Dat goung féx!

S: Mir soen dir e grousse Merci, Caroline, a bis déi nächst Kéier!

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow

Geeschter-"r"

Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbier

Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass.
headphones

6 min

play_arrow

Neelcheskapp

Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
headphones

7 min

play_arrow