arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

search / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeeten: Déi héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun Arcelor Mittal am wäissen Haus.

Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus

Et kéint gutt sinn, datt Stol vu Lëtzebuerg am neie Festsall vum Wäissen Haus zu Washington verbaut gëtt. D’Zeitung New York Times huet gemellt, datt de Lakshmi Mittal, de Chef vun ArcelorMittal also, dem amerikanesche President Donald Trump gratis Stol ugebueden huet. An dat fir eng Zomm vu 37 Milliounen Dollar. D’Informatioun ass awer net offiziell confirméiert ginn.

Inflatioun

Am Mäerz sinn d’Präisser bei eis vill eropgaangen. Dat heescht, datt d’Joresinflatioun staark geklommen ass. An zwar vun 1,3% am Februar op 2,4% am Mäerz. D’Ursaach ass d‘Explosioun vun den Energiepräisser wéinst dem Krich am Noen Osten. Elo gëtt dermat gerechent, datt am zweeten Trimester dëst Joer eng Indextranche erfält. Dat heescht, dass d’Paien dann automatesch ëm 2,5% klammen.

Kollektivvertrag Uni

D’Gewerkschaft OGBL ass mat der Uni Lëtzebuerg iwwert en neie Kollektivvertrag eens ginn. Mat deem Vertrag ginn d’Paie generell erhéicht. Och de Punkt iwwer Mobbing a Respekt op der Aarbechtsplaz ass am Vertrag komplett iwwerschafft ginn. A leschter Zäit goufen et jo vill Virwërf vum Personal géint d’Uni Lëtzebuerg, riets war vu Mobbing an engem toxesche Klima.

Luxembourg Pride

Den 10. an 11. Juli ass erëm Luxembourg Pride an zwar an der Haaptstad. D'Pride kënnt dohinner zréck, dat nodeem d’Fest vun der LGBTQ Plus Communautéit 17 Joer laang zu Esch war. D’Demande fir an d’Stad ze wiesselen, ass aus der Communautéit selwer komm. An et ass elo ofgemaach ginn, datt d’Stad Lëtzebuerg an d’Stad Esch sech all Joer bei der Organisatioun vun dësem Fest ofwiesselen.

Episoden